Lëtzebuerger Lidder 4

" Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goën ! "

Ëmmer méi héiert ee kloen dass eis Lëtzebuerger Sprooch u Wäert verléiert. Ëmmer méi gi mir opgefuedert Franséisch ze schwätzen an de Geschäfter, an den Etuden vun Notär an Affekot, esouguer bei Dokteren. Wat géiwen se déisäit de Grenze soen wa mir op eemol géife soen: "op Lëtzebuergesch w.e.g." An do muss ee jo nach soen: "Den Toun mécht d'Musek!" Déi déi op Lëtzebuerg hirt Brout verdénge kommen, besonnesch déi déi mat Konnen ze dinn hunn, sollten obligatoresch, ouni Ënnerscheed, eis Sprooch schwätze léieren!

     Ma ee flotten a lëschtege Wee fir eiser Sprooch hire verdéngte Wäert erëmzeginn, an se méi eifach ze léieren, dat ass iwwer d'Lëtzebuerger Lidder an däer gëtt et wuel vill a fir all Geleeënheet! Duerch Lidder kann ee villes gewuer ginn iwwer Bräicher vu fréier an haut, iwwer eis Géigenden an Dierfer, iwwer Berufer, Veräiner an Hobbyën!   

     Säit menger Kandheet hunn ech vill Wäert op eis Lidder geluegt an der esouvill wéi méiglech archivéiert. An deene leschten Joren, an der Pensioun, hunn ech mech méi intensiv domat ofginn a bis elo ëm 3000 Wierker zesumme gedroen an dat sinn se nach laang net all.

     Grad am Théater an a Revueën fënd een déi schéinste Lidder souwuel d'Weis wéi och d'Wierder. A grad do sti se matten an engem Geschéien an da gëllt méi wéi jee: "Wat een zu gläicher Zäit gesäit an héiert, verhällt ee vill méi séier, besser a méi laang!"

     Lëtzebuerger Lidder fënd een sou wuel iwwer fréier Berufer, Bräicher a bedeitend Leit, iwwer Géigenden, Dierfer a Monumenter, iwwer Fester a Feierlechkeeten, iwwer Veräiner Hobby a Sport, iwwer Iessen, Drénken a Léift, iwwer all Altersgruppen a Sozial Schichten,   ma och aus schwéieren Zäiten a vun traurege Momenter, sou wéi Reliéis Theemen oder Kannerlidder. Et geschitt eigentlech näischt wouriwwer een net sange kéint !

     Sangen belieft also net nëmmen eis Sprooch, ma och allgemengt Wëssen sou wéi speziell Interessiën !

     D'Iwwerschrëft vun desem Schreiwen  ass deemno net aus der Loft gegraff a méi richteg a wichteg wéi je ! Och ass mäin Archiv wuel eng enorm Aarbecht a mat vill Gedold a Fräizäit verbonnen, ma och onëmgänglech an eng Beräicherung fir eise Kulturschaz, an deem scho muenchereen dat Lidd fond huet wat e scho laang an op ville Plaze gesicht huet. Ma deen Archiv ass awer och allzäit op fir all Lidd- a Musiksdokumenter an och Theaterstécker opzehuelen.

     De Bewäis dat muenech wichteg Wierker net méi ze fanne sinn, liwwert d'Operette "Sonili" déi de 15. Dezember 1939 fir d'éischt opgefouert gouf an duerno nach 12 mol, am Stadthéater ( haut de Kapuzinertheater ) begleed vum RTL Orchster ënner der Leedung vum Henri Pensis!  "Sonili" gouf vum Eisträicher, Bruno Granichstaedten, geschriwwen an de Josy Imdahl huet se an d'Lëtzebuergescht ugepasst. Säit véier Joer intensiwer Sich hunn ech nach keng Spuer fond, ma ech ginn nach net op a sinn iwwerzeegt dat dat Wierk iergendwou op engem Späicher ze fannen ass !

     Am Club-Haus "Am Becheler" sangen ech mat 30 Senioren, 1x am Mount, mat vill Freed a Begeeschterung eis Lëtzebuerger Lidder, begleed um Piano vum Guy Lucas. Jidderee kann do mat maachen ! Meld iech um Tel.: 33 40 10 1 oder becheler@pt.lu !

     Hëlleft duerfir all, eise Lëtzebuerger Lidderschaz ze retten, an erëm liewen ze loossen ! Am Lëtzebuerger Lidderarchiv ass all Musikalescht-Dokument gutt opgehuewen en erhalen !

A wann dir eent sicht ...  da frot mech ! 

Jean Kandel, 7, rue Luitgardis L-8244 Mamer

621 665 212  / jeankandel@pt.lu / www.jeankandel.de.to