Sonili !

 

Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen...

 

Et gëtt ëmmer méi schwéier Wierker erëmzefannen, wann se net eemol archivéiert si ginn, hei ee frappant Beispill:

Bruno Granichstaedten: Operette "Sonili"

Deen Numm seet eis net vill an dach huet dee Mann  17 Operetten a Filmmusék geschriwwen. Wie war dee Mann?

Den 1 September 1879 zu Wien gebuer ass hien, well e Judd woar, den 1 Oktober 1938, mat Hëllef vun der Eistreichescher Operettendiva Betty Fischer, déi  kuurz vierdrunn op Lëtzebuerg komm war,  no Lëtzebuerg ausgewandert. 

Spéziell fir d'Sonja Haagen, dem Hary Haagen seng Duechter, deemols 12 Joer al, huet hien eng Operette "Sonili" geschriwwen, an däer si selwer d'Haaptroll mat Brio gespillt huet . De Josy Imdahl huet se op lëtzebuegesch iwwersat a si gouf den 15 Dezember 1939 fir d'éischt opgefouert. Den Henri Pensis huet dirigéiert, ënner der Haaptleedung vum Venant Pauké.  Duerno gouf d'Operette "Sonili" ëmmerhin nach eng Doze mol opgefouert.

De Bruno Granichstaedten huet ufangs am "Hôtel de Luxembourg" an der Waassergaass gewunnt an duerno am "Hôtel du Théatre" an der Beaumontsgaass.

Den 19 Januar 1940 ass de Bruno Granichstaedten no New York ausgewandert, wou hien den 30 Mee 1944 gestuerwen ass.

Vun dëser Operette ass weder een däitscht- nach ee lëtzebuergescht Textbuch nach Noutematerial opzedreiwen.

Duerfir hei en Opruff:  

Wie weess eppes iwwer d'Operette "Sonili", an der däitscher wéi an der lëtzebuerger Oplo? 

Villäicht aus engem vun deenen Hôtelen wou hie gewunnt huet? Besëtzer oder Ugestallten.

Villäicht aus der Famill vun engem vun deenen déi matgewierkt hunn? Op- an hannert der Bühn sou wéi am Orchester.

Wie kennt ewentuell dat eent oder anert Lidd aus der Operette?

Matgeschafft hunn:

Akteuren bei der Operette

Bruno GRANICHSTAEDTEN ( Däitschen Text a Musék ), (7 ten vu lénks)

Josy IMDAHL  ( huet d'Operette op Lëtzebuergesch iwwersat ), (2 ten vu lénks) 

Henri PENSIS  ( huet den RTL -Orchester dirigéiert ), (5 ten vu lénks)

Sonja HAAGEN  (dem Hary Haagen seng Duechter, 12 Joer ),  (6. vu lénks)

1. Léon MAYER, 3. Emil HAMPER,   4. Maria LAZZERI,  8.  Suzanne HELLER, Venant PAUKÉ (9 ten lénks: gesamt Régie),   10. Hildchen KLAESS,   11. Marcel KUMMER,  

12. Valentin KUMMER,  13. Renée WEBER,   14. Benny SALOMON. - Net um Bild: Hansi KAHN, Josette FELTEN, Margerite NICKELS, Madeleine LAMBERTS,  Roger WARNIER   

an Jules a Marcel  van DIEVOET (Décorsen)

All, och klengste Matdeelung iwwert d'Wierk ass ee Puzzelstéck dat  eis hëllefen kann erëm ee "Ganzt" zesummen ze setzen. Wien iergend eppes weess soll sech mellen beim:

Jean Kandel  (Lëtzebuerger-Lidder Archiv)   7, rue Luitgardis L-8244 Mamer

Tél: 621 665 212           E-mail: jeankandel@pt.lu