Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen !
Sangen am Becheler:
Seit 9 Joer sinn am "Club Haus am Becheler" eng Band sangesfreedeg Senioren eemol am Mount zesumme fir Lëtzebuerger Lidder ze sangen, an déi Sängerinnen a Sänger ginn ëmmer méi jonk – "am Häerz".
Jidderee ka matmaachen: Eemol am Mount, Mëttwochs, vun 17 bis 18 Auer !
Frot de Programm um Telefon 334010-1 oder per E-mail: becheler@pt.lu.
Mir ginn um Piano begleet vum Michel Winter, fréiere Pianist bei der "Drummsee".
Fir eng Stonn ka jiddereen do seng Suerge vergiessen a sech um Liewe freeën.
Wien nach Lëtzebuerger Lidder, Théaterstécker a Gedichter huet,
soll déi ofginn an den Archiv vum :
Jean KANDEL, 7, rue Luitgardis, L-8244 Mamer
Tel: 621 665 212 - jeankandel@pt.lu
Do schlofen se net, do gi se rëm lieweg...
A wann dir eent sicht, da frot...