Lëtzebuerger Lidder 2


Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen...


     Ee Kulturschaz  deen ëmmer méi wichteg, awer leider och méi rar gëtt, musse mir gutt versuergen, erëm flécken an deelweis erëm hierstellen. Ëmmer méi friemsproocheg Leit siche Lëtzebuerg op als hir zweet Heemecht. Aus al an nei E.U Länner, Asilanten oder Grenzgänger déi hir hiert Brout verdénge kommen. Jidderee bréngt ee Stéck vu senger Kultur mat an dat ass och gutt esou, mir sollen déi jo och kenne léieren wa mir schonn mat hinnen zesumme liewen, bestuet ginn a kleng "Europäer" op d'Welt setzen. 

     Och kënne Lëtzebuerger Lidder  derzou bäidroen eis Sproch op méi eng lieweg a lëschteg Art a Weis zeléieren. Et ass net nëmmen den Text vum Lidd mat all senge Strofen ma et kann een och de Sënn bespriechen, wou et hier kënnt, bei wéi enger Geleeënheet et enstanen ass. Eis Kultur a Liewensgewunnechten vu gëschter an haut ginn iwwer Lidder vermëttelt; ausserdeem bewierken an erreeche mir mat Lidder villes "zesummen, mat aneren Natiounen".

     Sangen heescht:

A)    eng Geschicht oder iwwer en Thema erzielen.

B)     reimen – dichten

C)    Eng Melodie mat Begleedung derzou upassen

D)    Beweegung ( Danz, Mimik, Taktinstrument )

 

     Fir Senioren si Lëtzebuerger Lidder eng Gediechnes- a Gesondheetsthérapie: Texter auswenneg léieren, däitlech ausspriechen, alternatif sangen, matenee sangen, sech aneren upassen, riicht sëtzen, säin Otem kontrolléieren. Wat ee séngt muss ee mat Gefill ausdrécken, mat spieren, mat erliewen.

     Sangen, besonnesch zesumme sangen, vermëttelt Gesellegkeet, Freed an Zefriddenheet.

     Gesank a Musek hunn eng séilesch positif Wierkung.

     Et gëtt net ëmsoss gesot: "Wou ee séngte do looss dech nidder, béis Mënsche kenne keng Lidder" – "Wie séngt mécht vill fir  seng Gesondheet a seng gutt Laun" – " Sange bei der Aarbecht oder beim Spadséieren erliichtert an deet d'Ustrenge vergiessen".

     "Jidderee wëllt laang liewen ma kee wëllt al ginn" duerfir : " Mam Sange bleift ee jonk" !

     Mir Bomien a Bopien sinn ëmmer méi mat den Enkelen zesummen (noutgedrongen ma ganz gäer) a wësse wéi gäer si eng Geschicht vu fréier oder däer schéiner aler Kannerlidder heiere an et gëtt der wuel vill a vir all Geleeënheet. Denkt och dorun an der Crèche, am Précoce, an der Spillschoul oder Primäerschoul. Déi Lidderbicher vun den véierzeger Joren sinn zwar eng Grëtz verblatzt awer nach ganz jonk a cool.

     Seit zwee Joer sinn am "Club Haus am Becheler" eng Band sangesfreedeg Senioren eemol am Mount zesumme fir Lëtzebuerger Lidder ze sangen, an déi Sängerinnen a Sänger ginn ëmmer méi jonk – "am Häerz". Mir ginn um Piano begleet vum Guy Lucas.

     Fir eng Stonn ka jidderee do seng Suerge vergiessen a sech um Liewe freeën.

Frot de Programm um Telefon 334010-1 oder per E-mail: becheler@pt.lu

Wien nach Lëtzebuerger Lidder huet soll déi an den Archiv vum :

 

Jean KANDEL, 7, rue Luitgardis,  L-8244 Mamer

Tel: 621 665 212 -  jeankandel@pt.lu

 

ofginn, do schlofen se net, do gi se rëm lieweg.

A wann dir eent sicht dann zéckt net, a mengem Archiv sinn der ëm 2000 !