"LËTZEBUERGER LIDDER DÄERFEN NET VERLUER GOEN !" duerfir dës Bicher!
Soll haut e Lëtzebuergescht Lidd gesonge ginn, da si mer séier schlecht drun.
Bei der Auswiel ugefaangen, déi ass ganz bescheiden. Wann et dann ëm déi 2 oder 3 Strof geet,
da musse mir meeschtens opginn!
Een neit Buch mat ale Lidder 2 Bänn
Hei hunn ech elo emol e puer Lidder, mat éischter witzegem Character, zesummegedroen
déi haut nach kaum ee kennt, ma déi an der Zäit dagdeeglech a bei all Geleeënheet,
mat vill Freed a Begeeschterung gesonge gi sinn.
Dës Bicher sollen déi Lidder nees opliewe loossen déi een haut kaum méi héiert,
an déi, ech mierken et un der Nofro, ëmmer méi erëmgesicht ginn.
Sou z.B. d'Operett "Sonili" vun 1939, vun däer bis haut keng Spuer méi ze fannen ass !
Ma Dogéint ginn och glëcklecherweis Wierker, déi scho bal verluer waren,
nees erëmfond an erëm opliewe gelooss, wéi d'Kopleschter-Lidd dat elo och op CD ze kréien ass!
Ma och mat Wierder an Nouten an dësem Buch !
Een Drëtte Band ass elo nach derbäi komm mat eege Lidder a Gedichter !
Wann bei Iech fir dës Bicher Interessi entsteet, dann kënnt dir et fir nëmmen 20 € pro Band kréien.
Jean KANDEL 7, rue Luitgardis L-8244 MAMER
Tel: 621 665 212 jeankandel@pt.lu
Eischte Band

Zweete Band

Drëtte Band mat eege Lidder
D'Senioren - All Mënsch wëllt gäer laang liewen, ma al ginn wëllt keen.
De Bopi - De Bopi ass mam Enkel ënnerwee.
Jean la Gaufre - De Jean la Gaufre deen ass ons alleguer bekannt.
De Rantjen - Ech si fein eraus ech hunn d'Pensioun.
Mäi Lidd - Ech sinn een echte Stroossner.
Muselzeidung - 35 Joer - Eis Muselzeidung huet Gebuertsdag! Et sinn elo 35 Jor.
Deen neien Tram - Elo fiert vun dem Kierchbieregeen neien Tram erof.
Beim Mëller Lex zu Sir - Et gëtt schonn däischter ech sëtzen doheem.
Wann d'Bänk erziele kënnt - Gees du eemol spadséieren, et ass glat eendu wuer.
Sangen ass gesond - Geet et dir emol net grad gutt, looss de Kapp net hänken.
De Gesank - Kommt loosst mer mol eent sangen.
Den Auto - Mam Auto fuere mécht Pleséier.
Merci - Mir soen ee grousse Merci
Fir d'Pensioun - Mir wënschen eng schéi Pensiounszäit.
Wahlen - Mir woaren namel wielen, ech froe mech firwat.
Walfer Bicherdeeg - Op d'Bicherdeeg zu Walfer waard all Mënsch hei am Land.
Ballade vum Tubak - Op dem Schräin steet eng Tubaksdous.
Schëppen ass Tromp - Schëppen ass Tromp, sou klénkt et aus all Eck.
Do kanns de guer näischt maachen - Scho wéi de Storch mech ageflunn.
Um Floumaart - Um Floumaart fënnt een allméiglecht Geschier.
Beschass - Wat ass dat namel ee Beschass.
Wat ee Wieder - Wat ass dat nees e Wieder, sou héiert een d'Leit son.
Vu Fréier - Wat woaren dat nach Zäiten gäer denken ech nach drun.
