Lëtzebuerger Lidder 1



Lëtzebuerger Lidder...däerfen net verluer goen.

 

     Soll haut  e Lëtzebuergescht Lidd gesonge ginn, da si mer séier schlecht drun. Bei der Auswiel ugefaangen, déi ass ganz bescheiden. Wann et dann ëm déi 2 oder 3 Strof geet, da musse mir meeschtens opginn. Et läit op der Hand datt déi verschidden Natiounen déi an de Joren eist Ländchen als zweet Heemecht gewielt hunn och e Stéck vun hirer Kultur matbruecht hunn. Och déi technesch Revolutiounen bréngen Aktivitéiten an Amusement déi vill Leit, besonnesch déi jonk Generatioun, méi begeeschteren an esou vun dem Veräins- oder dem Gesellschaftsliewen zeréck halen. An de Schoulen gëtt de Gesank net genuch ënnerstëtzt an esou kréien déi meescht Gesangveräiner am Land Nowuesprobleemer. 

    Wa mir awer bedenken wéivill Lëtzebuergesch Lidder geschriwwen a komponéiert goufen, da kann een nëmme staunen a sech froen op dat dann elo alles "aalt Eisen" ass an net méi an eis Zäit passt. Beim Dicks ugefaangen iwwer Goergen, Pierret, Reuland, Sevenig a vill anerer, déi herrlech Gedichter an Theaterstécker geschriwwen hunn, déi vun Albrecht, Kahnt, Menager, Zinnen an e sëllechen aner Komponisten vertount goufen. Dat sinn epuer Nimm vun enger laanger Lëscht vun Dichter, Théaterschreiwer a Komponisten déi äis eng helle Wull u flotte Lidder an Operette geliwwert hunn. D'Auswiel u Lëtzebuerger Lidder ass vill méi grouss wéi mir mengen. Vill dovun, besonnesch méi Reegional- oder fir speziell Uläss komponéiert Wierker, oft handgeschriwwen, déi net an den traditionelle Bicher festgehal goufen, ginn esou reegelrecht ënner.  

     Vill vun deenen Dokumenter gi verluer well den Interessi dofir feelt. Wa kee méi am Haus Wäert op dat leet, wat Generatioune virdru geschaafen hunn, da  geroden déi Wierker, um Speicher oder am Keller, an ëmmer méi e schlechten Zoustand a landen leider oft am Pabeierkontainer. Mat e wéineg Gléck fënnt een der emol nach op engem Bicher- oder Floumaart. 

     A ville Seniorenheemer an –Amicale si Leit, déi sech freeë géifen, déi Gedichter a Lidder ze héieren a matzesangen oder déi Theaterstécker ze erliewen. 

     Jo vun deem Lëtzebuerger Kultur-Patrimoine musse mir onbedéngt dat retten wat nach ze retten ass. Et geet och net duer déi Wierker an engem Schaf leien ze loossen, nee et muss eppes domat geschéien. Een éischte Schrëtt an déi Richtung hu mir elo gewot. Am "Seniore Club-Haus am Becheler" zu Bereldéng treffen sech zwou Dosen Sangesfreedeger eemol am Mount (Mëttwochs)  fir do no Häerzenloscht eng Rei flott Lidder zesangen. Mir hunn ugefaang mat ettlech Dicks-Lidder an och däer aus de 50er a 60er Joren, an hu séier festgestallt dass vum Text, besonnesch vun der zweeter Strof un, net méi vill gewosst ass. Och mat méi onbekannt Lidder ewéi "Eng Drëppchen" vum Willy Goergen a Gust. Kahnt,an anerer, hu mir vill Spaass font beim léieren vun  neie Wierker.

    Wien elo Iddi kritt huet fir am Becheler mat zesangen dee soll sech roueg trauen, well mir fannen äis eemol am Mount, Mëttwochs vun 17h  bis 18h. 

Et kann ee sech och umellen um  33 40 10 1.

     Wann dir al Lidderpartituren, -Hefter a –Bicher doheem huet, oder wësst wou der sinn, dann ass nach Zäit se bei mir arschiwéieren ze loossen. Och an engem schlechten Zoustand sinn se nach ze retten. Scanner a Computer mat däer richteger Software wierken do nach Wonner. Wichteg ass, datt dee Kulturelle Patrimoine net verluer geet, esouguer erëm oplieft.

     A wann dir ee Lidd sicht, da meld iech, villäicht fand dir et a mengem Archiv.


Meld iech beim Jean Kandel, 7, rue Luitgardis, L-8244 Mamer

GSM 621 665 212

E-mail: jeankandel@pt.lu