Lëtzebuerger Lidder 3


Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen...

 

     Wann ech op de Recycling ginn da gesinn ech wat alles eweggeworf gëtt. Et stinn och ëmmer Leit do parat fir eppes ze fannen wat nach brauchbar ass. Déi eng fir eng Sammelung an hire Gebrauch oder dee vun der Famill, déi aner fir de Floumaart oder Second-Hand-Shop. Villes bräicht net do ze landen wann een emol ëm sech géng froen ob dat eent oder anert net nach brauchbar ass. "Kulturschaz" flitt an de Pabeir-Contéiner oder gëtt verbrannt. "Kulturell-Wertvolles" gëtt zerstéiert well een näischt um Hutt huet domat, oder well déi Generatioun, déi dat mat Härz a Séil zesummegedroen- oder selver geschriwwen a komponéiert huet, net méi do ass, an déi déi nokommen net geléiert gi sinn dat weider ze gebrauchen oder ze archivéieren! Ech denken hei besonnesch un "Lëtzebuerger Gedichter, Théaterstécker a Lidder déi net däerfe verluer goen..." 

     "Schéin ass dat wat gefällt" a well net alles jidderengem gefällt sollt ee kees soen: "dat ass net schéin" ma villäicht méi diplomatesch: "Dat gefällt mir net!" oder: "Dat ass net mäin Iddi!" - "Wien näischt mécht deen näischt brécht."  Et ass liicht eppes ze kritiséieren, ma wa schonn, da sollt ee wéineschtens eng Alternativ ubidde kënnen! Och soll ee bedenken ob een dat selwer besser, oder wéineschtens grad esou gutt hi kréich!


          De (Lëtebuerger-) Gesank an der Schoul ass net nëmmen eng wichteg Stäip fir eise Kultur-Patrimoine ma en dreift och bei der Jugend den Interessi fir eis Gesangverräiner. Si kréien Iddi fir zesummen, och baussend de Schoulzäiten, a Chéier ze sangen. A wéi huet mäi Papp scho ganz richteg gesot: "Maach eppes, da kënns de net op domm Gedanken." Et ginn duerfir och Musiks- a Gesankcoursen vun deenen jeeweilegen Daachverbänn organiséiert, ma dat op fräiwëlleger Basis. Sangen an Musizéieren stëmmt all Mënsch méi roueg, lëschteg, zefridden   a gesond! Dat ass méifach vu Spézialisten aus deem Fach bewise ginn.

      Et gouf vu jeehir vun all Stodenten aus der "Normal Schoul" haut "Institut" verlaangt een Instrument (meeschtens Gai) ze léieren, fir am spéidere Beruf hir Schüler beim Sangen ze begleeden oder hinnen dat Wëssen weider ze vermëttelen. Et as och net vun Ongeféier dat vill Organisten, Dirigenten oft och Solisten aus de Gesangveräiner, Schoulmeeschtere sinn an duerfir héich belueft ginn. Wann se sech och duerfir meeschtens näischt oder net vill konnte kafen, da woar et awer hire Stoltz an Eier. 

     Vill Dierfer hunn een "iwwerdimensionalen" Kulrurzenter, ma wa schonn, dann och fir eiser Könschtler, déi däerfen net vergiess ginn. Firwat net op eis Lëtzebuerger Lidder a Kompositiounen zeréeckgräifen bei enger Aweiung, Séance académique oder Vernissage?  

     Wa mir schonn, ëmmer méi, gezwonge ginn an de Geschäfter a Restaurantën, Spideeler an "Etuden" Franséisch ze schwetzen, da sollten déi Leit geléiert ginn déi Sprooch ze schwätzen vun deem Land wou se hiere Kascht verdéngen an dat, fir wat eigentlech net, och iwwer Lëtzebuerger Lidder. Dann ass et un der Zäit, wéineschtens emol heiando,  Lëtzebuerger Lidder zehéieren op Concerten, an och um Radio.

     Wien deemno eppes op eis Lëtzebuerger Gedichter, Théaterstécker a Lidder hällt sollt emol ee Bléck op de Späicher werfen ( och bei der Bomi ) an all dat Noutematerial zesumme kromen an erhalen loossen an Lëtzebuerger Lidderarchiven. Mengt blouss net: "Dat do ass ze al, an engem schlechten Zoustand, schlecht lieserlech oder net méi brauchbar!" Haut kann all Dokument erëm an d'Rei bruecht ginn. Och "Al" Lidder an Théaterstécker hunn nach hiere Reiz a vill Leit wëllen déi nach héieren. An de Senioren- Haiser a -Veräiner ass nach vill Nofro. Am Clubhaus "Am Becheler" zu Bereldéng sange mir, mat groussem Interessi, 1 Mol am Mount Lëtzebuerger Lidder. 

     Jiddereen kann hei matmaachen. Melt iech um tel 33 40 10 1

     Wann dir Lëtzebuerger Lidder huet ( oder eent sicht ) da rufft un oder schreift un:


Jean Kandel, 7, rue Luitgardis, L-8244 Mamer.  Tel: 621 665 212 - E-mail : jeankandel@pt.lu